Abgabedeieren
Aktualiséiert den 27.04.2022
Ech kann meng Mierschwengercher net all haalen. Dofir ginn ech der emmer mol erem of. Ech vermettelen net an Eenzelhaltung. Ideal ass et wann een e jonkt Mierschwengchen bei en erwuessend Mierschwengchen setzt. Esou kann dat klengt weider erzunn ginn an alles vun deem groussen leieren.
Et ass mir och wichteg dass ech d'Mierschwengercher an eng artgerecht Haltung weider ginn. Sie gehéieren net an e klengen Käfech wéi déi déi een an den Déierengeschäfter ze kaafen kritt. Et ginn immens flott Alternativen fir Baussen- an Bannenhaltung. Dobei beroden ech iech ganz gäer.
Wann ech en Déier ofginn froen ech eng Schutzgebühr déi fir d'Fudder, d'Ariichtung an Déierendokter agesaat get.
Schutzgebühr:
Kastraten an Fréikastraten: 70 - 90 Euro (ech froen do just d'Kastrationskäschten)
Bock: 30 - 50 Euro
Weibchen: 30 - 50 Euro
Fir spéider Erkrankungen oder Dout vum Mierschwengchen iwerhuelen ech keng Haftung.
Falls aus verschiddenen Grenn d'Mierschwengercher net méi weider kenne gehalen ginn huelen ech se och zereck. D'Schutzgebühr get dann net zereck erstatt.
Abgabe
Folgend Mierschwengercher warden op en neit doheem:
Am Moment hunn ech keng fir ofzeginn.
Wierf vun 2020-2021
F-Worf vum Godric an Clementinchen
Mille-Schwéngercher
Mille-Schwéngercher
Mille-Schwéngercher
Mille-Schwéngercher
E-Worf vum Godric an Indra
Mille-Schwéngercher
Mille-Schwéngercher
Mille-Schwéngercher
Mille-Schwéngercher
D-Worf vum Godric an Daisy
D-Worf vum 7. Juni 2021
3 Meedercher an 1 Bock (weiss)
Den C-Worf vum Hacuna Matata an Indra
Den C-Worf koum Helleg Owend den 14.12.2020 op d'Welt.
D'Mama Indra mat sengen zwee Jongen.
Cesar an Crispy
B-Worf vum Godric an Clementinchen
De B-Worf vum 13.12.2020 gouf en weiblecht Eenzelkand.
Bommel (w)
Den A-Worf vum Godric an Daisy vum 10.09.2020
Apollo (m), Ayla (w), Alpha (m), Aria (w)
Apollo (m)
Aria an Alpha
Daisy mam Ayla (lenks) an Apollo (riets)
Apollo (m) an Ayla (w)
Aria (w)
1/2 Dag aal
Content from Youtube can't be displayed due to your current cookie settings. To show this content, please click "Consent & Show" to confirm that necessary data will be transferred to Youtube to enable this service. Further information can be found in our Privacy Policy. Changed your mind? You can revoke your consent at any time via your cookie settings.
Hei gesidd dir wéi sech d'Mierschwengercher mat der Zeit entweckelen.
Vun uewen no ennen: Aria, Apollo, Alpha
Lenks: 1 1/2 Woch aal
Mett: 3 1/2 Woch aal
Riets: 6 Wochen aal